All d’Nouvellen
30/08/2019

Aféierung vun eisem neie System

Mir freeën eis, de Start vun eiser neister Versioun vu QR-Help bekannt kënnen ze gin. Vill Elementer sin nei, aanerer hu sech verännert. Eisen neie Site as u sech e komplett neie System, inspiréiert duerch eisen alle System. Hei as eng Oplëschtung vun e puer Ännerungen:

  • Eng nei Rettungssäit: Klick hei fir eng Demonstratiouns-Rettungssäit opzeman oder loggt Iech an Ärt Konto an a klickt op "Rettungssäit an enger neier Fënster opman" fir Är eegen nei Rettungssäit ze gesinn.
  • De gesamte Site as elo fir mobill Geräter zougänglech.
  • Dir kënnt elo Är Famill beim QR-Help umelden: mellt e puer Familiememberen un a kontrolléiert d'Abonnementer vun engem Haapt-Account.
  • All Säit gouff elo op Lëtzebuergesch iwwersaat. Mir fänken elo och offiziell un, mat Iech op Lëtzebuergesch ze kommunizéiere, wann Dir dat sou wënscht.
  • Automatesch Erneierungen: Dir kënnt elo ärt Konto sou astellen, dass automatesch ee Mount virum Oflaaf vun Ärem aktuellen Abonnement eng Commande an Ärem Numm ofgeschéckt gëtt - Dir musst nach ëmmer eegestänneg manuell bezuelen.
  • Dir kënnt elo eng Zwee-Faktor-Authentifizéierung benotzen, fir Ärt Konto ofzesécheren.
  • Mir hun e ganz neien Design vum Site agefouert.
  • Är Rettungssäit gëtt et elo op russesch a bulgaresch.
  • Dir kënnt elo Dokteren op Är Rettungssäit sëtzen: sou wéi Dir et virdru bei Äre Noutfall-Kontakter maache konnt, kënnt Dir elo Dokteren an de System androën, op déi Dir vun aanerem medezinesche Kontenu (Wéi z.B. medezinesch Agrëffer oder Vaccinatiounen) verweise kënnt.
  • Et sinn elo Kaddoën disponibel: Dir kënnt elo QR-Help-Abonnementer als Kaddo fir aaner Leit bestellen.

Un dëser Stell géinge mir och gären eise fräiwëllegen Iwwersetzer Merci soë fir hier groussarteg Contributiounen: E spezielle merci geet un all eis Iwwersetzer, déi d'Rettungssäit elo op méi Sproochen iwwersaat hun, wéi jemols virdrun, an un eis Tester, déi sech d'Méi gemaach hun, den neie System bis an dat klengsten Detail ze testen. Mee sidd w.e.g. nët ze streng mat dësse läschten, wann Dir e Feeler fannt. An engem solche Fall, géinge mir eis freeë vun Iech ze héieren an de Problem am Handëmdréien ze léisen!