Iwwer eis

QR-Help Icon

QR-Help ass ee System, deen 2013 vun engem klengen Team vun der gemeng­nëtzeger lë­tze­buer­gescher Hämophilie Associatioun (ALH a.s.b.l.) agefouert gouf. Et gouf domat ugefaangen, de Membere vun der ALH eng Verbesserung vun de konventionelle SOS-Kapselen unzebidden. Spéider dann, ass d'Offer allgemeng zougänglech gemaach ginn.

QR-Help ass onofhängeg vu Krankekeesen, staatlechen Institutiounen oder anere finanziell interesséierte Persounen. Fir eis besteet den eenzegen Zweck vun der Initiative do dran, dozou bäizedroen, dass Mënscheliewe gerett ginn. Dëst hu mir, wéi eis verschidde Benotzer wësse gedoen hunn, schonn erreecht a mir setzen alles drun, dass dëst och an Zukunft wäert de Fall sinn.

Eis Equipe

Loïc Beurlet

Manager vum Projet

Architekt vum System

Entwéckler

Sam Thilmany

Designer

Entwéckler

Luc Beurlet

Iddi

Rechtleches

Finanzen

Dr. med. Caroline Marx

Medezinesch Ënnerstëtzung

Extern Iwwersetzer:
  • Marc Aardoom (Hollännesch)
  • Alexandra Da Silva Gouveia (Portugisesch)
  • Darek Kurowski (Polnesch)
  • Chantal Lorang (Spuenesch)
  • Damiano Tolazzi (Italienesch)
  • Tzvetomir Tzvetkov (Bulgaresch)
  • Oxana Zbarakh (Russesch)

Weider Informatiounen

Downloaden

Don

Well mir ee Service vun enger éier­en­amt­lecher Organisatioun sinn, sinn eis finanziell Mëttele fir den Developpement vum Projet staark limitéiert. Wann Dir eis ënnerstëtze wëllt, géinge mir ee klengen Don immens begréissen. Dir kënnt souwuel iwwert PayPal wéi och iwwert eng Bank­iwwer­weisung spenden. Mir soen Iech schonn elo villmools Merci am Viraus.

Ënnerstëtzt eis