No ënne scrolle fir méi ze entdecken!

Wat ass QR-Help?

Mir sinn ee Service vun enger gemengnëtzeger Organisatioun, deen déi modernsten Léisung fir eng schnell Hëllef am Noutfall ubitt.

Well an engem Noutfall all Sekonn wäertvoll ass, benotze mir d'QR Code Technologie fir iwwerall op der Welt een direkten Accès op Är Noutfall­in­for­ma­ti­ounen ze erméiglechen. Een Éischthëllefer brauch dofir just Äre perséinleche QR Code mat sengem Handy ze scannen. Doduerch kritt hien Accès op Är gespäichert Donnéeën a kann déi richteg Decisiounen treffe fir Iech beschtméiglech ze hëllefen.

Well mir d'Sécherheet an den Dateschutz immens eescht huelen, sinn all Är sensibel Donnéeën no den héchste Standarde geséchert an nëmmen am Noutfall verfügbar.

Méi iwwert eis gewuer ginn...

Haapt­eegenschaften

Vollkomme Kontroll iwwert Är Donnéeën

Bei QR-Help ginn all d'Informatioune vun Iech perséinlech agedroen.

Dir entscheet also wat fir eng Informatiounen Dir mat Ärem Éischthëllefer deele wëllt a wat Dir léiwer privat hale wëllt.

Dir kënnt Är Informatiounen duerch d'Bäisetze vu medezinesche Kontakt­in­for­ma­ti­ounen, Dokumenter oder Medikamenter ergänzen.

International

QR-Help steet alle Bierger vun der Europäescher Unioun zur Verfügung. De QR-Code, an domat och Är Noutfall­in­for­ma­ti­ounen, kann allerdéngs weltwäit gelies ginn.

D'Rettungssäit ass de Moment an 10 Sproochen disponibel a weider Iwwersetzunge sinn an der Virbereedung.

Mir bidde véier­sproochege Support innerhalb vu 24 Stonnen. (Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch oder Englesch)

De Mënsch un éischter Plaz

QR-Help gouf fir de Mënsch entwéckelt. Et gouf keng Méi gescheit, fir de System benotzer­frëndlech a liicht verständlech ze gestalten.

Mir sinn een Team vu Fräiwëllegen, déi d'Ziel hunn Iech an enger liewens­bedreelecher Situatioun ze hëllefen.

An eisem Help Desk fannt Dir eng Rei un detailléiert beäntwerte Froen, déi Dir Iech villäicht och stellt. Wann Dir net fannt no wat Dir sicht, hëllefe mir Iech gäre weider.

Héich Sécherheet

QR-Help späichert Är Informatiounen ënnert der Anhalung vu modernste Sécherheets­standarden an däitsche Rechenzenteren.

QR-Help hält sech doriwwer eraus strikt un d'Europäesch Date­schutz­direktive (DSGVO/RGPD) a behandelt Är vertraulech Donnéeë mat gréisster Suergfalt an héijem Respekt.

Geréiert Äre QR-Code

Fir Är Donnéeën ze schützen, kënnt Dir Är Rettungssäit jidderzäit desaktivéieren, beispillsweis wann Dir ee QR-Code verléiert an een neien ugefrot hutt.

Dir kënnt d'Säit och automatesch späre loossen, nodeems se gescannt gouf. Esou ka keen nodréiglech op Är Donnéeën zougräifen a se si just fir de Moment vun der éischter Hëllef disponibel.

Collaboratioun mat Rettungs­déngschter

Fir méiglech Zäit­verloschter ze miniméieren, gouf d'Opdeelung vun Ären Informatiounen op der Rettungssäit zesumme mat Secouristen erschafft.

D'Bewosstsinn ënnert de Secouriste wiisst, well Si iwwert de System informéiert ginn.

Keng automatesch Verlängerung vum Kontrakt

QR-Help verlängert Äre Kontrakt net automatesch no dem Oflaf vun der Vertrags­lafzäit.

Dir kënnt awer eng automatesch Bestellung aktivéieren. De Kontrakt ass allerdéngs eréischt no Ärer manueller Bezuelung verbindlech.

Wou ka QR-Help nëtzlech sinn?

Sports­accidenter

Vill Sportaarte kënne geféierlech sinn. Accidenter geschéie relativ heefeg.

Dir kënnt einfach ee QR-Code op Ärem Mountainbike, Ärer Tauch­ausrüstung, Ärer Kloter­ausrüstung oder dem Schigezei oppechen.

Ënnert eisen Accessoirë bidde mir eng Rei widder­standsfäeg Porte-cléen un, déi Iech op Ärer spannender Rees begleede kënnen.

Stënterlech Kom­pli­ka­tioun­en

D'Liewe ka wonnerbar sinn. Mee leider bréngt et och heiansdo seng eegen Iwwer­raschungen, déi kee kontrolléiere kann. Sou gesond wéi Dir villäicht nach haut sidd, Dir wësst ni wat muer ass.

An dëse Fäll ass et wichteg, Ärem Éischthëllefer relevant Informatiounen zur Verfügung ze stellen, sou dass Dir méiglechst gutt gehollef kritt.

Verkéiers­accidenter

De Mënsch well all Dag méi schnell ginn. D'Unzuel u Gefierer op eise Stroossen hëlt all Dag zou.

Leider erhéicht sech de Risiko konstant an oft sinn et grad déi Onschëlleg, déi de meeschte Schued dovun droen.

Et spillt keng Roll ob Dir mat engem Familljebus, engem Porsche, engem Motorrad oder souguer engem Vëlo fuert. QR-Help ass fir Iech do.

Aarbechts­accidenter

Bei verschiddene Beruffer ass d'Droe vu Sécherheets­kleedung wéi beispillsweis Helmen obligatoresch. Dëst ass gutt begrënnt: Eng ganz Rei u Beruffer si geféierlech.

Mee onofhängeg dovun, ob Dir Bürosaarbecht verriicht oder ob Dir an engem Handwierk schafft, Dir sollt gutt op een Noutfall virbereet sinn.

Fir all Altersgrupp

All Alter huet seng eege Virdeeler a Risiken. Kleng Kanner fänken un d'Welt ze entdecken an hunn ee grousse Risiko ze falen. Mee domat net genuch, Kanner rafe méi séier eng viral Infektioun op, gi beim Spillen oder am Supermarché verluer a kënne kengem hier medezinesch Situatioun erklären. Wann een driwwer nodenkt, treffen ähnlech Problemer och op eeler Leit zou.

Denkt un Är Kanner an un Är Elteren, mee vergiesst Iech selwer net!

Seelen Erkrankungen

Heiansdo gi seelen Erkrankungen net gutt genuch behandelt, well se sou seele sinn, dass medezinesch Expertisë feelen. Den heefegste Problem ass awer, dass déi Wéinegst Äre Gesond­heets­zou­stand rode kënne — denkt drun, et ass eng seele Krankheet.

Stellt Iech vir, wéi een Éischthëllefer mat der Situatioun ëmgoe wäert. Wouhier weess hien, op wat hie sech konzentréiere soll, wann en Iech net kennt. Wat fir eng Medikamenter musst Dir direkt kréien?

Gräift Ären Éischthëllefer ënnert d'Äerm, informéiert se!

Elo registréieren a suergefräi liewen

Mir hunn de Prozess vun der Registréierung sou einfach wéi méiglech gestalt. Dir gitt duerch eise System geleet a musst nëmmen op kleng, spezifesch Froen äntweren. Äre Konto gëtt dann automatesch erstallt.
Bei der Umeldung si keng Noutfall­in­for­ma­ti­ounen erfuerderlech. Dës ginn eréischt an Ärem geschützte Benotzer­beräich agedroen. Dëst kënnt Dir och zesumme mat Ärem Hausdokter maachen.

Fir manner wéi 0,10 € den Dag lieft Dir an der roueger Gewëssheet, dass een Éischthëllefer Iech adequat hëllefe kann. Äert Liewen ass wesentlech méi wäert!

Nach net iwwerzeegt?

Mir lueden Iech gären an ee Bléck op eise komplette Site ze werfen a méi iwwert eis Motivatioun, eis Sécherheets­standarden an eis Funktioune gewuer ze ginn. Wa Froen onbeäntwert bleiwen, kënnt Dir eis jidderzäit iwwert de Kontakt­formulaire erreechen. Mir freeën eis drop, Iech weider ze hëllefen.

Méi iwwert eise Service
Eenzelt Abonnement 35 00 /Joer
  • 1 Jores­abonnementKeng automatesch Kontrakt­verlängerung
  • 6 resistent Pechbiller mat QR-Code
  • 1 Pechbild fir op den Auto