Wéi funktionéiert et?

Wann Dir Iech bei QR-Help registréiert hutt, kritt Dir eng eendeiteg Iden­ti­fi­ka­tiouns­nummer, déi sougenannte Clientsnummer. Dir kënnt Iech mat dëser Nummer a mat Ärem Passwuert bei QR-Help aloggen. No der er­foll­eg­räich­er Umeldung gitt Dir an Äre perséinleche Benotzer­beräich weidergeleet. Hei fannt Dir verschidde Kategorien, an deenen Dir Astellunge kënnt maachen an Är Donnéeë kënnt geréieren.

User Panel
Medical Data

Geheie mer ee Bléck op déi wichtegst Plaz vum Projet: D'Säit vun Ären Noutfallin­for­ma­ti­ounen.

Op dëser Säit kënnt Dir all Är Donnéeën aginn, déi an engem Noutfall relevant kënne sinn. Mir hunn d'Felder no verschiddenen Theme sortéiert. Par Defaut sinn d'allgemengt Donnéeën iwwert Är Persoun ausgewielt. Hei kënnt Dir beispillsweis Är Kontakt- a Krank­eversécherungs­donnéeën hannerleeën a wielen, ob Dir een Organspender sidd.

Déi verschidden Themeberäicher, mat Ausnam vun den allgemengen Informatiounen, hunn deen nämmlechten Opbau. Wann Dir eng Registerkaart opmaacht, gesitt Dir op ee Bléck wat fir eng Krankheeten, Allergien asw. Dir schonn uginn hutt. Dës ginn als Klappkaarten ugewisen. Wann Dir beispillsweis eng nei Krankheet ugi wëllt, kënnt Dir op d'Schaltfläch "Krankheet dobäisetzen" drécken. Da geet eng Fënster op, an där Dir Krankheeten aus eiser Datebank auswiele kënnt. Wann Dir net fannt, no wat Dir sicht, kënnt Dir d'Lëscht och erweideren. No dëser Auswiel geet eng weider Fënster op, an där Dir méi genau Donnéeën iwwert Äre spezifesche Krank­heets­verlaf kënnt uginn.

Add Disease
Edit Disease

D'Ak­tuali­séi­er­ung vun Ären Donnéeën ass ganz einfach. Dir braucht nëmmen eng vun de Klappkaarten opzeklappen. Dir gesitt dann déi selwecht Felder wéi déi, déi Dir gesinn hutt, wéi Dir den Antrag erstallt hutt. Dir kënnt den Antrag belibeg veränneren. Vergiesst net op "Späicheren" ze klicke wann Dir fäerdeg sidd. Eng Meldung bestätegt déi erfollegräich Ak­tu­al­iséi­erung vun Ären Donnéeën. Dir kënnt fir all Antrag wielen, ob en op der Rettusngssäit soll ugewise ginn oder net. Esou kënnt Dir zu all Moment fräi entscheeden, wat een Éischthëllefer ka gesinn. Wann Dir Är Donnéeën aus iergendengem Grond kuerzfristeg net wëllt uweisen, braucht Dir se also net ze läschen. Dëst erspuert Iech eng beschwéierlech Neierstellung vun den Anträg.

Am Noutfall

Mir wënschen Iech vu ganzem Häerzen, dass de folgenden Abschnitt fir Iech ni wäert vu Relevanz sinn. Sollt dëse Wonsch net an Erfëllung goen, kënnt Dir dovun ausgoen, dass Dir déi beschtméiglech Hëllef wäert kréien.

No der Registréierung bei QR-Help kritt Dir extrem resistent Etiketten. Dës Etikette si bestänneg géint UV-Stralung, Hëtzt a Chemikalien. Och Reiwung deet hinnen näischt. Pescht dës Etiketten op perséinlech Géigestänn wéi beispillsweis Är Iden­titéits­kaart, Äre Führerschäin oder Är Kranke­ver­séch­erungs­kaart. D'Secouriste wäerten no dësen Dokumenter sichen, fir Är perséinlech Donnéeën ze erfaassen a fannen dann anengems Äre QR-Code. Dëse QR-Code ka mat all modernem Handy gelies ginn, soulaang en een Internet­zougang an eng Applikatioun zum Liese vu QR-Coden huet. Dëst si säit Jore stand­ard­méisseg Funktioune vu moderne Geräter. Nëmmen e puer Sekonnen nodeems Äre QR-Code gescannt gouf, ginn all Är Donnéeën op enger mi­ni­ma­li­ste­scher Säit ugewisen. D'Éischthëllefer an/oder d'Secouriste kënnen esou gebündelt Informatiounen iwwert Äre Gesond­heets­zou­stand kréien a verléiere keng Zäit. Dir kënnt direkt optimal, op Är perséinlech Ufuerderungen ugepasst, behandelt ginn.

Fir de QR-Code ze liesen, mee een Handy mat oppener Applikatioun zum Liese vu QR-Coden iwwert d'Etikette gehale ginn. D'Kamera liest de QR-Code automatesch an d'Applikatioun freet ëm Erlaabnis, fir d'Internetsäit opzemaachen. No der Bestätegung geet Är perséinlech Rettungssäit op. Sollt de QR-Code net gelies kënne ginn, kann den alpha­numeresche Code, dee riets ënnen op der Etikette ze fannen ass, op all ëffentlecher Säit vu QR-Help agetippt ginn.

Scan the QR-Code

Wéi gesäit déi Rettungssäit aus?

Kuckt Iech de kuerze Video un, fir de Prozess vum Scanne vum QR-Code an dem Empfänke vun den Noutfallin­for­ma­ti­ounen um Handy ze gesinn.

Dir kënnt och op d'Schaltfläch ënnert dësem Text drécken, fir eng reell Rettungssäit vun engem Demonstratiouns-Kont opzemaachen. Da kënnt Dir Iech déi verschidde Felder an Informatiounen ukucken. Dir wäert feststellen, dass d'Donnéeën no der Relevanz vun der Kategorie geuerdent sinn. Dës Hierarchie gouf an Zesummen­aarbecht mat aktive Secouristen erschafft. Wann Dir wëllt, kënnt Dir och d'Etikette, déi um Bildschierm vum Handy ugewise gëtt, mat Ärem Handy scannen. Dëst weist Iech déi gesamt Erfarung vu QR-Help.

Demonstratiouns-Rettungssäit opmaachen.