Eegenschaften

D'Rettungssäit beim Verloscht vun engem QR-Code ofschalten

Wann Dir Är Etiketten oder een Accessoire mat Ärem Rettungs-QR-Code veréiert, kënnt Dir Är Rettungssäit desaktivéieren an de QR-Code domadder onbrauchbar maachen. Nodeems Äre QR-Code gescannt gëtt, gëtt op der Rettungssäit entweder eng Notiz ugewisen, dass d'Rettungssäit net existéiert, oder eng spezifesch Noriicht, déi Dir selwer auswielen oder antippe kënnt.

D'Desaktivéiere vun Ärer Rettungssäit ka ronderëm d'Auer an Ärem Benotzer­beräich gemaach ginn an ass direkt wierksam.

Entscheet selwer wat fir eng Noutfall­in­for­ma­ti­ounen ugewise ginn

Dir sidd deen Eenzegen, deen entscheet wat fir eng Donnéeën op Ärer Rettungssäit ugewise ginn.

Fir d'Alleréischt sidd Dir deejéinegen, deen Är Noutfall­informatioune bereetstellt. Well all d'Informatiounen optional sinn, kënnt Dir fräi entscheede wat Dir ugitt a wat net. Bedenkt awer, dass all Informatioun fir Ären Éischthëllefer kéint wichteg sinn!

Zousätzlech bidde mir eng Funktioun, fir Informatioune schnell op der Rettungssäit auszeblennen. Wann Dir eng Noutfall­informatioun androe wëllt bei där Dir Iech nach net sécher sidd, kënnt Dir se verstoppen, bis dass Dir mat Ärem Dokter geschwat hutt.

Méisproocheg Hëllefssäit

Mir ware vun Ufank un dovun iwwerzeegt, dass d'Sprooch keen Hënnernes duerf fir d'Rettung vu Mësche sinn. Mir hunn eise Sëtz zu Lëtzebuerg, engem Land an deem all Bierger 4 Sprooche schwätzt. Mir wëssen awer, dass et Länner ginn, an deenen d'Leit nëmmen eng oder zwou Sprooche kënnen. Aus dësem Grond hu mir d'Rettungssäit op vill Sproochen iwwersat. Aktuell ass d'Rettungssäit an 10 Sproochen disponibel, dës Zuel wäert awer nach klammen.

Et spillt keng Roll, op Dir an enger méisproocheger Gesellschaft lieft oder vill reest — verstanen ze gi kann ee Liewensretter sinn!

De Mënsch un éischter Plaz

QR-Help gouf fir de Mënsch entwéckelt. Et gouf keng Méi gescheit, fir de System benotzer­frëndlech a liicht verständlech ze gestalten.

Mir sinn een Team vu Fräiwëllegen, déi d'Ziel hunn Iech an enger liewens­bedreelecher Situatioun ze hëllefen.

An eisem Help Desk fannt Dir eng Rei un detailléiert beäntwerte Froen, déi Dir Iech villäicht och stellt. Wann Dir net fannt no wat Dir sicht, hëllefe mir Iech gäre weider.

Schnell a méisproocheg Ënnerstëtzung

Eist Team besteet aus­schliiss­lech aus Fräiwëllegen. Trotzdeem äntwere mir schnell op Är Froen.

Dir kënnt Iech op eng Äntwert bannent 24 verloossen. An dat op véier Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch.

Funktionéiert weltwäit

Et ass esou einfach wéi Bonjour: Soulaang Dir Zougang zum Internet hutt, kënnt Dir op de gesamten Internetsite zougräifen. Är Rettungssäit, Äre Benotzerkont an all Är Informatioune si jidderzäit accessibel.

Bestellt een neie QR-Code, wann Ären aktuelle gescannt ginn ass

Handyen an Applikatiounen, déi et erméigleche QR-Coden ze liesen, halen oft een Iwwerbléck iwwert déi gescannte QR-Coden. Dëst bedeit, dass de Benotzer dës Säite spéiderhin och ouni d'Scanne vum QR-Code opmaache kann. Mir hunn op der Rettungssäit drop higewisen, dass een de Verlaf vu sengem Browser soll läschen, mee mir hu keng Méiglechkeet dëst ze iwwerpréiwen.

Mir roden dowéinst all eisen Uwänner hire QR-Code ze änneren, wann dëse gescannt gouf. Dir bestellt een neie QR-Code an desaktivéiert deen alen. Schonn no e puer Deeg hutt Dir Etikette mat deem neie QR-Code an der Bréifkëscht.

Dokumenter héischlueden

Dir kënnt Dokumenter eropluede fir Är Donnéeën ze ënnermaueren.

Souguer wann Dir all d'noutwenneg Informatioune bereetstellt, kann et virkommen, dass Éischthëllefer eng Iwwerpréiwung wëlle virhuelen. De Grond dofir ass, dass Är Informatiounen op der Rettungssäit deen nämmlechte Stellewäert hu wéi wann Dir géingt mat der Persoun schwätzen.

Mir proposéieren Iech dowéinst PDF'en a Biller eropzelueden a bei Ären Informatiounen ze verlinken.

Fir all Bierger aus der EU verfügbar

D'Registréierung ass fir all Bierger aus der Europäescher Unioun méiglech.

D'Europäesch Unioun bitt eis eng eenheetlech Gesetzgebung an einfach Transport­virschrëften, mat deene mir och als éierenamtlech Organisatioun mathale kënnen. Mir sinn allerdéngs net un Na­tio­na­li­téi­ten interesséiert, et geet eis just ëm Är Liwweradress.

Collaboratioun mat Rettungs­déngschter

Fir méiglech Zäit­verloschter ze miniméieren, gouf d'Opdeelung vun Ären Informatiounen op der Rettungssäit zesumme mat Secouristen erschafft.

D'Bewosstsinn ënnert de Secouriste wiisst, well Si iwwert de System informéiert ginn.