Geschicht

08/08/2012
D'Iddi vum QR-Help ass dem Luc Beurlet komm, wéi hie versicht huet d'SOS Kapsel ze verbesseren. Hien ass bei dëse Versich och op aner Produite gestouss, déi d'Limitatioune vun den SOS Kapsele wollten ëmgoen andeems se USB Sticke benotzen. Dëst huet hien op d'Iddi bruecht, esou eng Rettungs­datebank mat QR-Coden ze verbannen, soudass jiddereen a kuerzer Zäit kéint un detailléiert Noutfalls­in­for­ma­ti­oune kommen. Zu dëser Zäit ware QR-Coden eng nei opkommend Technologie, dat huet hien a säi Jong, de Loïc Beurlet, awer net dovunner ofgehalen esou ee System ze plangen. De Loïc, deen zu dësem Zäitpunkt eréischt 15 Joer al war, huet de System programméiert. Zesumme si se dunn un d'Association Lux­em­bour­geoise des Hémophiles a.s.b.l. erugetrueden, fir hire Memberen de Service unzebidden. Anere Leit gëtt de Service iwwert d'ALH ugebueden, andeems een duerch de Kaf vum Abonnement "Membre donateur" gëtt. Är de System eng éischte Kéier online gaangen ass, ass QR-Help zum Schutz vun der Iddi a vum System als Bildmark an der Europäescher Unioun agedroe ginn.
01/04/2013
Den éischten Abrëll 2013 ass QR-Help online gaangen. Deemools gouf de System op eegene, lokale Serveren an enger normaler Internet­verbindung bedriwwen. Dat klengt Team huet sech u medezinesch Experte adresséiert, fir Feedback iwwert hire System ze kréien an doriwwer ze informéieren, dass et esou ee System gëtt. Kuerz drop sinn och d'Medien op de System opmierksam ginn an hunn dëse presentéiert. De System gouf stänneg verbessert an ëm nei Funktiounen erweidert. Mat der Zäit gouf d'Technik allerdéngs méi al a fir kënne mat de wuessende Geschwin­degkeete vum Internet an de stänneg wuessenden Ufuerderunge vun der Dispo­nibilitéit matzehalen, gouf de System a professionell Rechenzentere migréiert, ouni dobäi d'Sécherheet ze beanträchtegen. Deemools huet de Loïc mat sengem Studium vun der Informatik ugefaangen a gouf sech bewosst, dass de System am Bezuch op den Design an de Funktioune géing al ginn. Well de Schwéierpunkt vu QR-Help nach ëmmer op dem Dateschutz an der Datesécherheet louch, gouf dësen Aspekt awer iwwert d'Joren ëmmer um neiste Stand gehalen, just d'Benotzer­frënd­lechkeet vernoléissegt.
08/08/2016
Am August 2016 ass de Sam Thilmany dem Team bäigetrueden. Hien huet sech speziell op den Design an d'Benotzer­frëndlech­keet konzentréiert. Zesummen huet sech d'Team entscheet, de QR-Help komplett nei opzebauen, fir den neien Ufuerderungen an der moderner Welt gerecht ze ginn. Dëst wier dann déi drëtt Versioun vum QR-Help, déi éischt zwou Versioune goufen an den éischten dräi Joer verëffentlecht. Et gouf ee sougenannten "mobile-first"-Usaz gewielt, so dass QR-Help vollstänneg vun all mobillem Apparat aus benotzt ka ginn. Bei der Entwécklung vun der drëtter Versioun gouf all eenzele Knäppchen, Link, Text, Bild a Symbol bis an dat klengsten Detail beschwat, fir eng éischtklasseg Benotzer­erfahrung, déi konform mam Gesetz, dem Schutz vun den Donnéeën an der Sécherheet a Verfügbarkeet vum System ass, ze garantéieren. A Kombinatioun mam Vollzäistudium vun den zwee Entwéckler, huet dëst zu enger Ent­wécklungs­zäit vun iwwer dräi Joer gefouert.
30/08/2019
Schliisslech gouf QR-Help v3 den 30. August 2019 verëffentlecht. Dës nei Versioun huet nieft dem neien Design och vill nei Funktiounen: een neie System fir Bestellungen, eng Famill­jefunk­tioun, eng Cadeaus­funk­tioun, Zwee-Faktor-Au­then­ti­fi­zéi­erung, eng lëtzebuergesch Iwwersetzung vum komplette System, nei Funktioune fir d'Rettungssäit ze desaktivéieren, Statistiken iwwert d'Rettungssäit a villes méi. All dës Funktiounen hu vill nei Texter, Biller an eng ganz Rëtsch un neie Benotzungs­bedéngunge mat sech bruecht. Gläichzäiteg sinn och nei, éierenamtlech Iwwersetzer fonnt ginn, déi weider Iwwersetzunge vun der Rettungssäit bereet gestallt hunn. Dëst si beispillsweis Russesch a Bulgaresch.