Ka jiddereen, dee mäi Rettungscode huet, meng Donnéeë gesinn? Ass dat sécher?

Jo, all Persoun, déi Äre Rettungscode kennt oder Äre QR-Code scanne kann, kritt Accès op Är Donnéeën. Dëst ass wichtegt, well Dir an engem Noutfall ënner Ëmstänn net méi an der Lag sidd Ärem Éischthëllefer perséinlech Accès ze ginn. Et ass allerdéngs immens onwahrscheinlech, dass een Äre Rettungscode réit. Ee Rettungscode besteet aus enger belibeger Kombinatioun aus 10 Buschtawen an Zifferen. Et ginn deemno 3610, ronn 3,6 Billiarden, verschidde Méiglechkeeten ee Rettungscode ze erstellen. Ären ass een dovunner. Dësen ze roden ass wesentlech méi onwahrscheinlech wéi ee 6er mat Superzuel am Lotto ze gewannen, do gëtt et "just" 15 Millioune Méiglechkeeten. Doriwwer eraus hu mir och Mechanismen agebaut, déi ee wëllt Rode vu Rettungscode besonnesch erschwéieren.

Dës Sécherheetsvierriichtunge gräifen allerdéngs net, wann Dir Är Pechbiller un Drëtter weider gitt oder ëffentlech weist. Fir dass Är Donnéeën net a falsch Hänn geroden, sollt Dir drop oppassen, dass Dir d'Pechbiller nëmmen op perséinlech Géigestänn pecht, déi dir net verléint oder mat anere Persounen deelt. Passt och drop op, dass Dir d'Etiketten net ëffentlech siichtbar placéiert an dës ofdeckt, wann dir fotograféiert oder gefilmt gitt.

 

Mir proposéieren Iech, d'QR-Code-Etiketten op Är Identitéitskaart, Är Sozialversécherungskaart an Äre Führerschäin ze pechen. Och ee Schlësselunhänger kann, wann d'Schlësselen net gedeelt ginn, eng sënnvoll Méiglechkeet sinn.