Dateschutzreegelung fir d'Benotzer vun eisen Internetsäiten

QR-Help späichert véier Aarte vun Donnéeën. An der folgender Iwwersiicht gesitt Dir eng kuerz Zesummefaassung vun den Donnéeën, déi vun eis iwwert d'Benotzergrupp vun de Benotzer vun eisen Internetsäite gespäichert ginn. Bedenkt wann ech gelift, dass fir d'Éischthëllefer a fir ugemellte Benotzer aner Reegelunge gëllen. Wann dës Benotzergrupp net op Iech passt, da wielt wann ech gelift hei eng aner aus.

Iwwersiicht

Kontaktdonnéeën

Net applizéierbar

Noutfallinformatiounen

Net applizéierbar

Protokoller vum Server

Wat fir eng Donnéeë gi gespäichert?

  • URL'en vun de Säiten
  • Statusse vun de Säiten
  • Datum & Auerzäit
  • IP-Adress
  • Aner wichteg technesch Donnéeën

Wat ass de Grond fir dës Späicherung vun Donnéeën?

  • Op Ugrëffer op d'Infrastruktur reagéieren
  • Feeler am System fannen

Ween huet Accès op dës Donnéeën?

  • Mataarbechter vu QR-Help

Wéini ginn dës Donnéeë geläscht?

  • Innerhalb vun de gesetzleche Fristen

Verfolgungsdonnéeën

Wat fir eng Donnéeë gi gespäichert?

  • IP-Adress (anonymiséiert)
  • Metadaten (Datum, Auerzäit)
  • Ausgewielte Sprooche
  • URL'en vun de Säiten
  • Informatiounen iwwert de benotzte Browser an de Betribssystem ("User-Agent")
  • Zesummenhäng tëschent de verschiddene Säitenopriff

Wat ass de Grond fir dës Späicherung vun Donnéeën?

  • D'Mataarbechter vum QR-Help iwwert d'Benotzung vum System informéieren.

Wéi ginn d'Donnéeë verschafft?

  • Är Donnéeë ginn anonymiséiert
  • Duerno ginn se gespäichert a statistesch ausgewäert
  • Eng Zesummeféierung vun den Tracking-Donnéeën an aneren Donnéeë vu Benotzer gëtt net virgeholl. Et gëtt keng Verknëppung tëscht den Tracking-Donnéeën an den Donnéeën déi vum Benotzer ugi ginn, hiergestallt.

Ween huet Accès op dës Donnéeën?

  • Mataarbechter vu QR-Help

Wéini ginn dës Donnéeë geläscht?

  • Ni
Läscht Aktualiséierung vun dëser Säit: 30/08/2019