Dates­chutz­reegelung fir registréiert Benotzer

QR-Help späichert véier Aarte vun Donnéeën. An der folgender Iwwersiicht gesitt Dir eng kuerz Zesumme­faassung vun den Donnéeën, déi vun eis iwwert d'Benotzergrupp vun de registréierte Benotzer gespäichert ginn. Bedenkt wann ech gelift, dass fir d'Éischthëllefer a fir Benotzer vun eisen Internetsäiten aner Reegelunge gëllen. Wann dës Benotzergrupp net op Iech passt, da wielt wann ech gelift hei eng aner aus.

Iwwersiicht

Kontakt­donnéeën

Wat fir eng Donnéeë gi gespäichert?

  • Vum Benotzer zur Verfügung gestallten Donnéeën
  • Metadaten (Datum, Auerzäit, IP-Adress vun der Registréierung, leschte Login, ...)
  • Ausgewielte Sprooch

Wat ass de Grond fir dës Späicherung vun Donnéeën?

  • Kontakt tëschent dem Benotzer an dem Personal erméiglechen
  • Transport vun de bestallte Produite bei de Benotzer
  • De Kont securiséieren
  • Rechtlech Ugeleeënheeten

Ween huet Accès op dës Donnéeën?

  • Benotzer
  • Mataarbechter vu QR-Help

Wéini ginn dës Donnéeë geläscht?

  • Op Wonsch vum Benotzer
  • No 2 Joer Inaktivitéit an 2 Joer inaktivem Abonnement
  • No der Läschung befanne sech d'Donnéeën nach 30 Deeg op de Sécher­heets­kopien (Backup)

Noutfallin­for­ma­ti­ounen

Wat fir eng Donnéeë gi gespäichert?

  • Vum Benotzer zur Verfügung gestallten Donnéeën

Wat ass de Grond fir dës Späicherung vun Donnéeën?

  • Ënnerstëtzung vun Éischthëllefer bei der Rettung duerch d'Uweise vun de Rettungsin­for­ma­ti­ounen

Ween huet Accès op dës Donnéeën?

  • Benotzer
  • All Persoun, déi de perséinleche QR-Code scannt
  • All Persoun, déi de perséinleche Rettungscode op der QR-Help Internetsäit agëtt

Wéini ginn dës Donnéeë geläscht?

  • Op Wonsch vum Benotzer
  • No 2 Joer Inaktivitéit an 2 Joer inaktivem Abonnement
  • No der Läschung befanne sech d'Donnéeën nach 30 Deeg op de Sécher­heets­kopien (Backup)

Protokoller vum Server

Wat fir eng Donnéeë gi gespäichert?

  • URLe vun de Säiten
  • Statusse vun de Säiten
  • Datum & Auerzäit
  • IP-Adress
  • Aner wichteg technesch Donnéeën

Wat ass de Grond fir dës Späicherung vun Donnéeën?

  • Op Ugrëffer op d'Infrastruktur reagéieren
  • Feeler am System fannen

Ween huet Accès op dës Donnéeën?

  • Mataarbechter vu QR-Help

Wéini ginn dës Donnéeë geläscht?

  • Innerhalb vun de gesetzleche Fristen

Verfolgungs­donnéeën

Wat fir eng Donnéeë gi gespäichert?

  • IP-Adress (anonymiséiert)
  • Metadaten (Datum, Auerzäit)
  • Ausgewielte Sprooche
  • URLe vun de Säiten
  • Informatiounen iwwert de benotzte Browser an de Betribssystem ("User-Agent")
  • Zesummenhäng tëschent de verschiddene Säitenopriff

Wat ass de Grond fir dës Späicherung vun Donnéeën?

  • D'Mataarbechter vum QR-Help iwwert d'Benotzung vum System informéieren.

Wéi ginn d'Donnéeë verschafft?

  • Är Donnéeë ginn anonymiséiert
  • Duerno gi se gespäichert a statistesch ausgewäert
  • Eng Zesumme­féierung vun den Tracking-Donnéeën an aneren Donnéeë vu Benotzer gëtt net virgeholl. Et gëtt keng Verknëppung tëscht den Tracking-Donnéeën an den Donnéeën déi vum Benotzer ugi ginn, hiergestallt.

Ween huet Accès op dës Donnéeën?

  • Mataarbechter vu QR-Help

Wéini ginn dës Donnéeë geläscht?

  • Ni

Weider Informatiounen

Dir kënnt Äre Benotzerkont jidderzäit an Ärem Benotzer­beräich läschen. Benotzt dozou einfach déi entspriechend Funktioun. Wann Dir Äre Benotzerkont läscht, ginn all iden­ti­fizéier­bar Informatiounen, déi mir iwwert Iech besëtzen, geläscht.
Wann ech gelift bedenkt, dass mir gesetzlech dozou verflicht sinn, eng Kopie vun alle Rechnungen (mat Ärem Numm, Ärer Adress an Äre bestallte Produiten) iwwert den Zäitraum, dee vun der lëtz­ebuerg­esch­er Gesetzgebung festgeluecht ass, zu halen.

Benotzerkonte ginn automatesch no 2 Joer Inaktivitéit an 2 Joer inaktivem Abonnement geläscht.

No der Läschung vum Benotzerkont, kënne sech all Är d'Donnéeën nach op enger Sécherheets­kopie (Backup) befannen a ginn automatesch no puer Dee geläscht.

Läscht Aktuali­séie­rung vun dëser Säit: 30/08/2019