All d’Nouvellen
28/01/2021

Europäeschen Dateschutzdag 2021

ℹ️ Haut ass Dateschutzdag.
Ass Dateschutz fir Iech just eppes, dat dozou gefouert huet, dass lästeg Formularen ze ënnerschreiwe sinn a stéierend Banneren ob Websäiten ugewise ginn?

❗️ Dateschutz ass villes méi!
Et ass eng Viraussetzung fir Privatsphär, déi aus guddem Grond ee fundamentalt Mënscherecht ass!
Wéi géingt Dir Iech fillen, wann ee Friemen un Ärem Iessdësch séiz, deen Är privat Gespréicher géing matschreiwen? Wat géingt dir denken, wann ee Friemen un Ärer Dir géif schelle fir Iech iwwert een neit Medikament fir Är Häerzproblemer ze informéieren?

❓ Wéi ee Bäitrag leescht QR-Help?
➡️ Mir si komplett transparent doriwwer, WÉI mir Är Date behandelen.
➡️ Mir halen eis strikt un den EU-RGPD.
➡️ QR-Help gouf mat dem security-by-design Prinzip gebaut.
➡️ Mir schalte keng Werbung op eisem Site. Also kann och keng Reklamm Äert Verhalen analyséieren.
➡️ Är Donnéeë sinn an Ärer Kontroll! Mir sammele keng Donnéeën duerch aner Déngschter iwwer Iech.
➡️ Mir verfollege keng kommerziell Interessen. Den Handel mat Donnéeën ass fir eis ee rout Duch. Äre Joresbäitrag an Done sinn déi eenzege Weeër, wéi mir eisen Déngscht finanzéieren.
➡️ Wann Dir d'Vertrauen an eis verléiert, kënnt Dir all Är Daten zu all Moment läschen!

Medical data in your control