Fir wat hu Cadeauen eng geographesch Aschränkung?

Dir kënnt nëmmen da Gebrauch vu QR-Help maachen, wann Dir Är personaliséiert Pechbiller kritt hutt an dës op perséinleche Géigestänn befestege kënnt. Dës Pechbiller ginn Iech per Post zougestallt, d'Versandkäschte gi scho beim Kaf vum Cadeausbong berechent. Well d'Liwwerkäschte je no Zilland ënnerschiddlech ausfalen, beschränke mir d'Benotzung vun de Cadeausbongen op een am Viraus ausgewielte Land.

Informatiounen fir de Schenker:
Wann Dir een Abonnement bei QR-Help un ee Kolleeg verschenke wëllt, wielt wann ech gelift d'Heemechtsland vun Ärem Kolleeg aus. Wann Dir de Beschenkten net wëllt un eng geografesch Begrenzung banne wëllt, kënnt dir „Keng geografesch Begrenzung festleeën” auswielen. Heibäi gi standardméisseg déi héchste Liwwerkäschte berechent. Sollt Dir dat falscht Land ausgewielt hunn, musst Dir d'Bestellung stornéieren an eng nei Bestellung opginn.

Informatiounen fir de Beschenkten:
Sollt Dir ee Cadeausbong iwwerreecht kréien, deen déi falsch geografesch Beschränkung huet, kënnt Dir dëse leider net aléisen. Informéiert wann ech gelift Äre Schenker. Dëse muss d'Bestellung stornéieren an eng nei Bestellung opginn.