All d’Nouvellen
01/04/2021

Alles Guddes fir de Gebuertsdag

Den éischten Abrëll ass bekannt fir d’Abrëllsgecken, mee keng Angscht, mir kréckelen Iech a folgendem Post keng! 🤞🏻

Viiru genee 8 Joer, nämlech den 1. Abrëll 2013, hu mir decidéiert de QR-Help net nëmme privat ze benotzen, mee en fir de Public accessibel ze maachen.
Haut ass et deemno un der Zäit fir „Happy Birthday“ ze sangen an dem QR-Help ze gratuléieren. 🎂🥳

Mir soen Iech Merci fir den Zousproch an déi léif Messagen, déi mir an deenen 8 Joer kritt hunn a freeën eis op d’Zukunft. ❤️

Happy 8th Birthday