Fir wat muss ech meng perséinlech Donnéeën uginn, fir ee Cadeau ze kafen?
Well Dir d’Bestellung iwwer Ären eegene QR-Help-Kont opgitt. Als Schenker gitt Dir Är Donnéeën eemoleg un, ouni Donnéeën zur Persoun, där Dir de Cadeau maache wëllt, unzeginn. Dës Persoun gëtt hir eegen Donnéeën un, wann si de Cadeau unhëlt, an d’Produite ginn un si verschéckt.
Mir benotzen d’Kontaktdonnéeën an Ärem Kont, fir mat Iech a Kontakt ze bleiwen an, aus legale Grënn, als Kontaktdate vun eise Memberen. D’Felder fannt Dir bei Wat fir eng Informatioune mussen ugi ginn, fir ee Cadeau ze kafen?
Nach e puer Detailer:
- Déi Persoun, déi de Cadeau unhëlt, gesäit Äre Vir- an Nonumm. Dat ass déi éischt Persoun, déi de Code vum Cadeausbong agëtt (kuckt Lafen d’Cadeausbongen of?). Wann Dir e Cadeau bestellt, sidd Dir domat averstanen.
- Dir gitt gewuer, dass de Cadeau ugeholl gouf, an Dir gesitt de Versanddatum vun de Produiten.
- Mir wäerte weder oppeleeën, wien de Cadeau ugeholl huet, nach weider Informatiounen iwwer dës Persoun präisginn. Mir wäerten och dëser Persoun keng Informatiounen iwwer Iech wieder ginn.
Wann Dir nach net Member vun der ALH sidd, der association sans but lucratif hannert QR-Help, gitt Dir mat Ärer Bestellung fir dat lafend Joer Spendemember vun der ALH. De Bäitrag ass am Präis vum Abonnement abegraff.
Wat mir iwwert Iech späicheren a wien dëst ka gesinn, steet bei Wat fir eng Informatioune ginn iwwert mech gespäichert? a bei Wie ka meng Donnéeë gesinn?